TAKE AWAY Gromperefest 2020

Kommt alleguerten op de Moart Spezialitéite rondrëm d’Gromper sichen!

***Dëst Joer ass wéinst dem COVID-19 keng Consommatioun op der Plaz méiglech***

Vun gudde selwergemaache Fritten, iwwer déi beschte Gromperekichelcher bis Gromperedrëpp gëtt et (bal) alles waat d’Grompere-Häerz begiert! Dobäi kennt ,dass mer och Grompere verkafen! #NëtouniMengMask

Fir Info an en Video vun de lëschte Joeren klickt HEI!

Gromperefest20

Renovatioun vum Chalet Robert Schaffner!

ET GEET VIRUN!

Gëschter an Haut war eng lass um Scout Camp Echternach! Et gëtt frësch ugestrach, de Kamäi gëtt duerch en Uewen ersat a mer sinn nach laang net fäerdeg! De Chalet gëtt méi frëndlech a modern décoréiert a jidderee péckt eng Hand mat un fir dass mer fir eis grouss Reouverture um Gamellentour prett sinn! Kommt laanscht an iwwerzeegt ierch selwer!

An wei ëmmer: Follow us on Instagram!