Beaver 6-7 Joer

Versammlung: Samschdes vu 14:00 bis 16:00 an eisem Lokal 

Chef de Colonie: Stephanie Evers

Assistant Chef de Colonie: Jennifer Boettel, Claire Tibesart

logobeaverwhite

 D’Beaver sinn déi klengste Memberen an eiser Grupp. Beaver liewen an enger Colonie, déi a kleng Beaverfamillen agedeelt ass. All Famill huet de Numm vun dem Holz mat deem si hiren Damm bauen.

Fir kënnen an d’Beaver ze komme muss een tëschent 6 a 7 Joer hunn, dat heescht am 1. oder 2. Schouljoer sinn.

Wärend de Versammlunge maache mir flott Aktivitéite wéi Sangen, Bastelen an d’Natur goen oder Spiller dobaussen. Mir schwätzen och iwwert verschidde Scoutssaache wéi z.B. wat en Beaver ass, iwwer d’Beavergesetz awer och iwwer vill aner Saache wéi z.B. Vigel oder Déieren am Wanterschlof. Verschidden Aktivitéite maache mir och mat de Wëllefcher zesummen.

Devise bei de Beaver ass : Deelen, Deelen, Deelen

Wann s du elo Genauees iwwert Beaver wësse wëlls da kanns du gären emol bei eis luusse kommen.

Beaverklack

23795313_10155865540509814_7941249174198454651_n