Charte FNEL

Hei gin der FNEL hir Visioun an Werter kuerz erklärt:

D’FNEL ass dem Weltverband WOSM (World Organization of the Scout Mouvement) affiléiert. D’FNEL ass e laïzistesche Scoutsmouvement an deem keng spezifesch Relioun erfirgehuewen gett, mee éischter op etheschen, sozialen an humanisteschen Werter baséiert. Waat de Scoutismus fir d’FNEL a seng Membere bedeit, gouf am Joer 200 an der „Charte FNEL“ festgehaalen.

(Jongen an Meedercher, ob Beaver, Wëllefchen, Scout, Guide, Exporer, Rover oder Responsabel, ginn an dësem Text all „Scout“ genannt.)

De Scoutismus huet als Missioun, mam Wäertesystem wéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéihung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen; mat Leit déi sech fräi entweckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen. 

Déclaration de mission
35. Weltkonferenz
Durban 1999

ONOFHÄNGEGKEET: D’FNEL steet zu den demokratesche Grondwäerter, ass politesch onofhängeg an encouragéiert jidder eenzelnen sech seng eege Meenung ze bilden an zu senger perséinlescher Iwwerzeegung ze stoen. De Scout soll kritesch si vis-à-vis vu gesellschaftspolitesche Froen, op si firn ei Iddien an sech géint mënscheveruechtende Tendenze wieren.

LAÏZITEIT: D’FNEL ass e laïzistesche Mouvement. Mir léieren moralesch an ethesch Wäerter op der Basis vum fräien Denken a vu géigensäiteger Toleranz- Philosophesch a reliés Iwwerzeegungen si jidder eenzelem perséinlesch iwwerlooss.

SPIRITUALITEIT: D’Scoute kréien bei eis Ureegungen fir hire Sënn am Liewen ze fannen.

SOLIDARITEIT: Mir ksinn een fir deen aaneren do, d’Solidaritéit gëtt gefuerdert, a mir engagéieren eis an nationalen Hëllefsprojeten.

TOLERANZ: Duerch Zesummeliewen am Grupp si mir tolerant ee vis-ävis vun deem aneren. Duerchinternational Aktivitéiten entstinn Frëndschaften an Oppenheet géintiwwer aneren Kulturen.

DEMOKRATIE: Mir sinn demokratesch, jiddereen däerf matschwätzen.