Versammlung: Mir leen eis Versammlungen spontan fest
Responsable d’Unité: Philippe Berscheid
Responsabel adjoint d’Unité: Alex Majerus, Max Steinmetz

Explorer forméieren eng Unitéit, déi aus Jugendleche vun 14-15 Joer besteet.
An den Explorer gëtt alles zesummen decidéiert, organiséiert an duerchgefouert. Kollegialitéit gëtt grouss geschriwwen. En Chef gëtt et dofir net méi, mee en Responsabel Unité Explorer.
Mir ënnerhuelen net nëmmen déi traditionell Scoutsaktivitéite wéi Konstruktioune bauen, Orientéierung, Campen an Hiken, nee bei eis ginn och mol Filmer gedréit, Theater gespillt, Schlittschong gefuer, éischt Hëllef geléiert,… .
Mir hëllefen an ënnerstëtze Beaver, Wëllef a Scoute bei hiren Aktivitéiten.
Bai eis ass et cool, maach einfach mat.
Explorerequip
