Kuerzen Historique vun den Eechternoacher Quaichleken, der FNEL an dem Scoutismus
De Grupp vun den Eechternoacher Quaichleken ass 2008 gegrënnt ginn. En ass entstanen duerch d’Fusioun vun de „1st Echternach Scouts“ (och Eclaireurs d’Echternach genannt) an de „Lusseg Quaichlecken“.
De Scoutsmouvement gëtt et schonns säit iwwer 100 Joer zu Iechternach. De Scoutsmouvement ass 1907 (éischte Scoutscamp zu Brownsea an England) vum Robert BADEN-POWELL, BP genannt (Bi Pi ausgeschwaat), gegrënnt ginn. Am Ufank war et eng reng Bouwenbeweegung, mee ganz séier hunn sech och Meedercher fir de Scoutismus interesséiert an d’Guidë si gegrënnt ginn ënnert der Leedung vum BP senger Fra, der Olave St-Clair a senger Schwëster Agnès.
De Scoutsmouvement huet och séier vill Jongen zu Lëtzebuerg interesséiert an 1914 huet de Professer Joseph Tockert mat ongeféier 40 Jongen déi éischt Scoutstrupp am Athénée an der Staat gegrënnt.
1914 ass zu Iechternach „d‘1st Echternach Scouts“ entstanen op Initiative vum Professer Limpach; et war u sech eng reng Jongentrupp.
1916 (30. Juli) ass d’FNEL (Fédération nationale des Eclaireuses et Eclaireurs du Luxembourg) gegrënnt ginn. Ënnert de Grënnungdmembere waren d’ „1st Echternach Scouts“ ! De Scoutismus huet lues a lues och déi méi jonk Kanner ugezunn, wat de BP dozou bruecht huet 1916 e Buch erauszeginn (Livre des louveteaux) mat enger Method fir déi kleng Kanner un de Scoutismus erunzebrengen. Esou waren de 16. Dezember 1916 d’Wëllefcher gebuer.
1920 ass zu London den éischte Pow Wow ofgehale ginn, wou 8000 Scouten aus 34 Länner vertruede waren . Hei gouf de BP zum „Chief Scout of the World“ ernannt.
1922 hunn sech d’Scouten aus der ganzer Welt an engem Weltverband (WOSM) zesummegedoe mat Sëtz zu Genf an der Schwäiz. De europäesche Scoutsbüro ass zu Bréissel an der Belsch.
1945 ass zu Iechternach de Grondstee vum Juliette Kries, Liesel Palgen, Alice Weis an Armand Decker fir d’Guidentrupp vun de „Lusseg Quaichlecken“ geluecht ginn.
Déi zwou Scoutsgruppe waren allebéid dem nationale Mouvement vun der FNEL affiliéiert an hunn ganz oft zesummegeschafft; si sinn zesummen op Sortien, Weekender oder Campe gaangen. Sou louch et op der Hand datt enges Daachs déi zwou Gruppe fusionéiert hunn, well nëmmen zesummen ass ee staark an et war neméi zäitgeméiss datt Jongen a Meedercher getrennt waren.
1979 ginn d’Explorer an der FNEL gegrënnt.
1984 entsteet déi éischt Beavercolonie bei de Grénge Scouten a Guidë vun Diddeleng