Scouten 11-13 Joer

Versammlung: Samschdes Moies an eisem Lokal

Chef de Troupe: Sophie Steinmetz

Chef de Troupe adjoint: Pete Conklin, Jo Pitzen, Chris Speicher, Charlotte Wengler, Julie Zeimetz

logo_sgwhite

An dëser Branche si Jugendlecher vun 11 bis 13 Joer. Zu eisen Aktivitéite gehéieren:

– Campen, natierlech och am Ausland
– Léieren an a mat der Natur ze liewen
– Sech mat Hëllef vu Kaart a Kompass ze orientéieren
– Konstruktiounen aus Holz bauen (sou gëtt um Camp eng Kiche gebaut)
– Léieren e Feier unzefänken, Kache léieren
– Spannend an ofwiesslungsräich Versammlungen (dobaussen an dobannen)

Duerch Badger kënne Scouten a Guidë weise wat si geléiert hunn a wat se kennen.

Duerch d Liewen an der Patrull entwéckele Scouten a Guiden e staarke Geescht, léiere mateneen ze schaffen, léieren Initiative an och Responsabilitéit ze iwwerhuele fir sech a fir hier Matmënschen.
Respekt a Disziplin gi grouss geschriwwen, d´Cheffe sollen als Frënn ugesi ginn, trotzdeem sollen si respektéiert ginn an et soll gemaach gi wat si soen, dat ass ganz wichteg fir dat de Grupp gutt funktionéiert.

D´Scouts- a Guidecheffen

23926492_10155865541249814_7504853762766631551_o