D’Scoutsmethod grënnt op den Iddieeën vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell. Spill a Spaass sinn de Peffer an d’Salz vum Scoutismus.
Learning by doing: Duerch „Selwermaachen“ léiert e Scout seng Talenter a Fäegkeeten entweckelen, an engem dem Alter ugepasste Programm. E léiert sech an all sengen Dimensiounen, Kierper, Geescht a Charakter kennen. Heibäi hëllefen him Virbiller an d’Léieren aus Feeler, e perséinlesche Fortschrëtt ze maachen. Een Deel vun der Method Learning by going ass d’Spill.
Natur: Duerch d’Spill an d’Liewen an a mat der Natur. Léiere mir eis Roll an dem Eco-System verstoen. Mir gi vu Klengem u geléiert, d’Natur ze respektéieren an eis aktiv fir d’Ëmwelt z’engagéieren.
Zesummeliewen: D’sozial Dimensiounen erliewe mir am klenge Grupp. Jongen a Meedercher erliewen bei eis de Scoutismus an engem gemeinsame Programm. Jonk an Al schaffen am géigensäitege Respekt mateneen a profitéieren vun den enerschiddleschen Iddeeën, Erfarungen an OPfaassungen. Doduerch sinn mir e staarke Mouvement, deen ni stoe bleift.
Selbstännegkeet: D’Scouten bidden d’Méigleschkeet, Selststännegkeet z’entweckelen an Entscheedungen mat ze droen.
Responsabilitéit: Am Laf vun senger Entwecklung kritt de Scout emmer méi Sënn fir Responsabilitéit. Duerch säin Engagement bei de Scouten iwwerhëlt hie Verantwortung fir seng Ëmwelt, seng Matmënschen an sech selwer. Hie gëtt sech bewosst, datt hie wéi all aner Rechter a Pflichten huet, déi en am Scoutsgeescht ausüben kann a soll.
Benevolat: De Scoutsgeescht verlaangt vun all eenzelem eng fräiwëlleg Aarbescht; eisen Engagement kënnt aus eegener Iwwerzeegung an eegenem Wëllen an ass net bezuelt. De Benevolat ass eng Stäerkt vum Scoutismus, well en eis erlaabt onofhängeg ze sinn.
Traditiounnen: D’Traditioune gi vun Al op Jonk iwwerdroen, a sinn d’Verbindung tëschent de Generatiounen: Mir droen eng Uniform, déi eist Zesummengehéiregkeetsgefill ausdrëckt. Mir benotzen Symboler a Zeremonien, déi eisen Aktivitéiten e rouden Fuedem ginn. Traditiounen däerfen keng Barrière sinn, mee si sollen Brëcken bauen op eisem Scoutswee; dofir musse mir si dem Zäitgeescht ugepasst sinn.