E Koup vun deene 17 UN Zieler fir nohalteg Entwécklung (SDG) betreffen och eis bei de Scouten an dofir huet d‘FNEL sech als Ziel gesat an deenen nächsten 3 Joer all Joer 2 Themen an de Fokus ze bréngen a besser am Scoutismus ëmzesetzen. Mir als Eechternoacher Quaichleke fannen dat super a wëllen och eise Beitrag leeschten!
Dest Joer stinn 2 Themen am Fokus:
N°7 – Bezuelbar a propper Energie
N°13 – Moossname fir de Klimaschutz
https://www.un.org/sustainab…/sustainable-development-goals/
Besonnesch als Scouten hunn mir eng Verflichtung, dass mer eis heifir asetzen. Dofir biede mir iech, passend zum FNELs Motto „Zesumme fir eng besser Welt“, an Zukunft drop opzepassen dass:
– Är Kanner e Bidon, Gamelle a Besteck aus METALL hunn
– Dir äre Picknick net méi an Aluminium oder Plastikstuten apaakt (mir verkafen dës Joer Bees Wraps um Chrëschtmaart)
– Probéiert iwwerflësseg Verpackungen ze vermeiden
Mir als Grupp ginn natierlech mam gudde Beispill fir a versichen:
– Paperless ze ginn
– Regional, saisonal a bewosst anzekafen
– Eis Reschter ze verwäerten (wann der ufalen)
– Iwwerflësseg Verpackungen ze vermeiden
– Eise Fleeschkonsum anzeschränken
– Den ëffentlechen Transport ze huelen
– Ze recycléieren
– Ëmweltfrëndlech Botzproduiten ze benotzen
– Eise Waasser- a Stroumkonsum anzeschränken
– Un der Grousser Botz ze participéieren
– Eis EQ-Kleedung BIO a FAIR anzekafen
– Um Solarweekend vun der FNEL ze participéieren
„ Leave this world a little bit better than you found it” – BP