Versammlung: Samschdes vun 14:00 bis 16:00 an eisem Lokal
Chef de Meute: Jeanne Tibesart
Assistant Chef de Meute: Vicky Braas, Sam Conklin, Tom Conrad, Nora Kuffer

D‘ Wëllefcher ass d’Branche vum Scoutismus an der sech d‘Kanner vun 8 bis 10 Joer zesummefannen. D’Wëllefchersbranche gouf 1921 an England vum Lord Baden-Powell gegrënnt.
D’Wëllefcher ginn haaptsächlech duerch Spiller a Geschichte mat den Iddien an de Wäerter vum Scoutismus familiariséiert.
De wichtegsten Aspekt bei de Wëllef ass d’Spillen. All Aktivitéit bei de Wëllefcher baséiert um Spillen. Oft handelt et sech ëm organiséiert Spiller an deenen d’Kanner Rätsele léise mussen oder kleng sportlech Aufgabe maache mussen, déi vu responsabel Erwuessenen, de Cheffen, encadréiert an organiséiert ginn. D’Spill erméiglecht dem Wëllefchen seng eegen Erfarunge ze maachen, sech selwer auszeprobéieren an seng eege Grenze kennenzeléieren.
Alles wat Kanner gefält gëtt bei de Wëllefcher gemaach, ob et elo manuell Aarbechten (Bastelen, Molen oder Knéchelen) oder Sangen a Geschichten erzielen an nolauschteren, Rätsel léisen, Geheimschrëfte kennen, an der Natur spillen a spadséiere goen etc. sinn. All Aktivitéit sinn de Kanner ugepasst an op eng spilleresch Manéier de Wëllefcher duerbruecht sou datt hiren Interessi a Vuerwerts ëmmer gefërdert gëtt.
En zweete wichtege Punkt bei de Wëllef ass, den „learning by doing“. D’Wëllef sollen alles selwer ausprobéiere kënnen, an doduerch selwer hir Erfarunge maachen. Selbstverständlech sinn d‘Wëllef sech net selwer iwwerlooss, mee bei all Aktivitéit sinn hir Cheffen, déi eng extra Formatioun dofir hunn, derbäi. Well d’Wëllef och ëmmer an engem Grupp evoluéieren, léieren si am Spill hir natierlech sozial Kompetenzen ze fërderen an ze stäerken. D’Meute bitt dem Wëllefchen e Raum an deem hien déi verschidde Komponente vum Liewen am Grupp ausprobéiere kann a wou hien léiert sech selwer ze behaapte mee awer och deem Anenaner nozelauschteren, hien ze verstoen an ze respektéieren.
D’Djungelbuch vum Rudyard Kipling stellt do en aanere wichtege Kader an deem d’Wëllefcher evoluéieren.
D’Geschichten aus dem Dschungelbuch stellen och dofir de Lexique vun der Organisatioun vun der Wëllefchersbranche. Baséierend op dem Dschungelbuch gëtt d’Scoutsbranche vun de Kanner vun 8-11 Joer eben Wëllefcher genannt oder de ganze Grupp vun de Wëllefcher gëtt och als Ruddel oder Meute bezeechent. Innerhalb vun der Meute sinn d’Wëllefcher nach a Sixaine agedeelt, déi aus 5-6 Wëllefcher bestinn an deen eelsten an erfuerenste Wëllefche gëtt da Sixer genannt an hien oder hatt ass responsabel fir seng Sixaine. D’ganz Meute gëtt encadréiert a geleet vun den ale Wëllef (Cheffen), déi wéi am Dschungelbuch, Akela, genannt ginn.
D’Liewen an der Meute erfuerdert vum Wëllefchen och e puer allgemeng Reegelen déi Zesummeliewe vereinfachen an an der Wëllefchersdevise: « Mir dinn eist Bescht » an am Wëllefchersgesetz zesummegestallt sinn.
Wëllefchersgesetz:
E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
E Wëllefche mécht d’Aen op a spëtzt d’Oueren.
E Wëllefchen ass propper a seet d’Wourecht.
E Wëllefchen ass e gudde Komerod.
E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.
